
Informatiounen
Op dëser Säit fannt Dir nëtzlech Informatiounen iwwert meng Websäit, de Kaf an d'Liwwerung vun engem Bild, a vill aner Saachen déi gutt ze wësse sinn.
E Bild kafen
Dir hutt e Bild fonnt dat Iech gefält. Wéi kënnt Dir et kafen?
Wann Dir interesséiert sidd fir e Bild ze kafen, kënnt Dir de Kontaktformular um Enn vun all Produktsäit am Shop ausfëllen. Ech kommen da per E-Mail op Iech zeréck fir Iech all d'Informatiounen ze ginn déi Dir braucht. Dir kënnt mech och op mengem Instagram-Profil @celialoesch.art uschreiwen.
Wéi kënnt Dir fir d'Bild bezuelen?
Bezuelt gëtt bei der Liwwerung / beim Ofhuele vum Bild, well ech wëll datt Dir d'Biller an der Realitéit gesitt ier Dir Iech engagéiert et ze kafen. Ech akzeptéiere Bezuelungen a Cash oder iwwer Digicash/Payconiq.
Et gëtt e Bild a mengem Portfolio dat Dir gäre kafe wëllt, mee et gëtt net am Shop ugewisen. Gëtt et eng Méiglechkeet et ze kafen?
Et gi verschidde méiglech Grënn firwat e Bild a mengem Portfolio ass awer net am Shop. Wann Dir interesséiert sidd eent vun deenen ze kafen, kënnt Dir mech kontaktéieren an ech soen Iech op et méiglech ass d'Bild ze kafen oder net.
Äert Bild kréien
Wéi kënnt Dir d'Bild kréien, dat Dir kafe wëllt?
Ofhängeg vun Äre Präferenzen an Ärem Wunnuert, wéi och vun der Gréisst vum Bild, liwweren ech Iech entweder d'Bild oder Dir kënnt et op enger Plaz ofhuelen, mat där mir zwee averstane sinn.
Wat geschitt bei der Liwwerung / beim Ofhuelen?
Bei der Liwwerung / beim Ofhuelen musst Dir d'Bild suergfälteg iwwerpréiwen fir ze kucken ob et Är Erwaardungen entsprëcht. Nodeems d'Bezuelung gemaach ass, ass d'Bild prett fir an säin neit Heem ze plënneren!
Retouren
Si Retoure méiglech?
Wéi Dir sécher verstitt, huelen ech e Bild net zréck a rembourséieren et wéinst iergendengem Defekt, well Dir musst et bei der Liwwerung / beim Ofhuele genee iwwerpréiwen an Dir sidd averstanen et a genee deem Zoustand ze kafen an deem et dee Moment ass. Ech iwwerhuele keng Verantwortung fir Schied um Bild déi no Ärem Kaf entstinn.
Arummen & Ophänken
Kann een d'Biller mat enger Rumm kréien?
Ech bidde keng allgemeng Arumm-Optioun fir meng Biller un. Wann Dir Äert Bild gären arumme wëllt, roden ech Iech et an ee vun de ville Arumm-Servicer ze bréngen, déi an de lokale Geschäfter verfügbar sinn (zum Beispill a Konschtmaterial- oder Handwierksgeschäfter).
Huet d'Bild eng speziell Virriichtung fir et opzehänken?
Meng Biller hunn keng speziell Virriichtung fir se opzehänken (z.B. Zackenophänker, Hänkdrot, Hoken...), well et esou vill Méiglechkeete fir dës Ausrëschtung gëtt an se warscheinlech erëm misst wechgeholl gi wann Dir Äert Bild iergendwann wéilt arumme loossen.
Et steet Iech selbstverständlech fräi déi Optioun déi Iech am Beschte gefält selwer um Bild ze installéieren, op Ären eegene Risiko. Déi néideg Ausrëschtung kann a Konschtmaterial- oder Handwierksgeschäfter kaaft ginn. Zackenophänker zum Beispill mussen einfach hannen un der Leinwand an d'Holzrumm geschrauft ginn.
Alternativ ass et och méiglech, d'Bild einfach un der Holzrumm hannen un der Leinwand op eng Schrauf an der Mauer ze hänken. Dëst kéint awer méi geféierlech sinn, wat d'Sécherheet an d'Liewensdauer vun der Holzrumm vum Bild ugeet.
Iwwert meng Biller
D'Déckte vu menge Biller
Ech benotzen zwou verschidden Déckte fir meng Biller - 2 cm a 4 cm. Dës Informatioun fannt Dir an der Beschreiwung vum Bild. Ech huelen och normalerweis eng Foto vun der Säit vum Bild wann et 4 cm déck ass.
Méi kleng Biller déi 4 cm déck si kënne fräi stoen (zum Beispill op engem Regal) ouni se un eng Mauer ze hänken.
Entspriechen d'Fotoe vu menge Biller der Realitéit?
D'Ausgesi vu menge Biller op de Fotoe ka liicht variéiere jee no der Beliichtung an där dës Fotoe geholl goufen, dem Telefon mat deem se geholl goufen an dem Kader an deem d'Bild inzenéiert ass. Dofir schéngen déi wäiss Deeler op e puer Fotoe méi kill (bloelzeg), wärend se op anere méi waarm (gielzeg) schéngen, och wann se all genee déi selwecht wäiss Faarf hunn.
D'Ausgesi kann och jee no Ecran variéieren deen Dir benotzt fir meng Biller ze kucken. Zéckt net fir mech ze kontaktéiere wann Dir zousätzlech Fotoen oder e Video wëllt vun engem Bild un deem Dir interesséiert sidd.
Dir kënnt och Videoe vu verschiddene Biller op mengem Instagram-Profil @celialoesch.art fannen, a menge Story-Highlights "Perspektiven".
Kontakt
Kontakt
